De Raymond CLEMENT ass deene meechten Fotografen zu Lëtzebuerg ee Begrëff. Awer och international ass hee keen onbeschrifent Blatt; seng lëscht grouss Publikatioun hat heen am dpunkt Verlag mat dem Buch Landschaftsfotografie erleben, a Kooperatioun mam Paul BERTEMES. Ee wonnerbart Buch iwwert iwwert d’Passioun vun der Naturfotografie mat allem wat dozou gehéiert: Bild- & Foarfkompositioun, Techniken a virun allem d’Léift zur Natur. Vill Biller déi an der Ausstelung hänken fënnt een och hei am Buch erëm.

Nature’s Luxembourg erënnert d’Visiteuren dorunner, dass een oft vill aner Plazen vun der Welt besser wéi seng Täsch kënnt, awer een net onbedingt weess, wat bei engem 20 Kilometer vun der Hausdier ewech läit. D’Naturparken vu Lëtzebuerg hunn eng Schéinheet déi mat groussen aneren Plazen op der Welt mathale kënnen; et muss ee just de Rucksack op de Réck strécken an se eraus erfuerche goen. Dem Raymond CLEMENT ass op alle Fall gelongen d’Lëtzebuerg Naturlandschaft an engem anere Liicht duerzestellen wéi een se sech soss villäicht virstellt.

Niewend der Ausstellung selwer, ass och een Deel vun der permanenter Ausstellung vum Edward Steichen sengem Liewen hei vertrueden. An elleng d’Visite vun der Plaz “Am Tunnel” selwer, huet sech schonns gelount fir dohinner ze goen.