Den 24ten Februar hat de Jan Guth säin éischten eegene Vernissage an der Galerie Permanente d’Art Photographique vum Photo Club Esch organiséiert. Thema wat ausgestallt gëtt dréit den Titel “A tiny glimpse of Ireland”, also “Ee klengen Abléck an Irland”. Et ass säit méi wéi engem Joerzéngt wou de Fotograf a seng Madamm dohinner e puer Mol am Joer hifuere fir sech vun der onvirstellbar schéiner Natur, de Leit an hirer Oart a Weis ze liewen an der Entschleunegung begeeschteren ze loossen.

An der Ausstellung hänke 34 Biller déi een och dozou verféieren, op mannst ee Mol eng Rees op déi éiweg gréng Insel ze maachen.

Visite

D’Ausstellung kann vum 24/02 bis den 24/04/2018 gratis visitéiert ginn. Fëllt just de Formulaire mat Äre Kontakt Donnéeën aus fir ee Rendez-Vous ze fixéieren.

[ngg_images source=”galleries” container_ids=”5″ display_type=”photocrati-nextgen_basic_thumbnails” override_thumbnail_settings=”0″ thumbnail_width=”240″ thumbnail_height=”160″ thumbnail_crop=”1″ images_per_page=”20″ number_of_columns=”0″ ajax_pagination=”0″ show_all_in_lightbox=”0″ use_imagebrowser_effect=”0″ show_slideshow_link=”0″ slideshow_link_text=”[Show slideshow]” order_by=”sortorder” order_direction=”ASC” returns=”included” maximum_entity_count=”500″]