Generalversammlung 2018

Och wann d’Wierder et verhënnert huet, dass eng ganz Rëtsch vun eise Memberen net konnte präsent sinn, sou hu mär eis dach net ënnerkréie gelooss fir d’Generalversammlung erfollegräich ofzehalen. No e puer aféierende Wierder vum President Jerry THIEL, ass et dunn direkt weidergaange mat de lëschten Neiegkeeten, dem Sekretariat, Finanzen a Concours Rapport. D’Memberen hunn duerno de Jerry THIEL nach ee Mol weider fir 2 Joer am Amt confirméiert. Uschléissend ass den Aktivitéitsrapport 2017 gemaach ginn, deen sech kann – im wahrsten Sinne des Wortes – weise loossen:

VIDEO

Natierlech ass bei wäitem net all Aktivitéit an dësem Video festgehale ginn, well dat de Kader vun dësem gesprengt hätt. 157 Stéck woaren et der am Ganze fir d’Joer 2017 fir Äerch déi genau Zuel trotzdeem ze verroden. Eng weider Noriicht déi deen Owend public gemaach ginn ass, ass déi nei Websäit déi de Club souwuel fir de Public an d’Zukunft prett mécht. Ofschléissend huet de Kulturschäffen, Pim KNAFF, nach eng kleng Ried gehalen an déi aner gewielte Vertrieder vum Schäfferot entschëllegt, well si net un dëser Generalversammlung deelhuele konnten.

De Photo Club Esch huet also nees een erfollegräich Joer hannert sech a kuckt ganz gespaant op dat kommend Joer 2018 an deem d’Preparatioune fir de Centenaire 2019 an de 25ten Salon d’Auteurs virbereet ginn.

E besonnesche Merci nach ee Mol un all Member an Ënnerstëtzer fir déi wonnerbar Zesummenoabecht iwwert dat lëscht ganzt Joer an dëst alles am Zeeche vun der Fotografie.

[ngg_images source=”galleries” container_ids=”8″ display_type=”photocrati-nextgen_basic_thumbnails” override_thumbnail_settings=”0″ thumbnail_width=”240″ thumbnail_height=”160″ thumbnail_crop=”1″ images_per_page=”20″ number_of_columns=”0″ ajax_pagination=”0″ show_all_in_lightbox=”0″ use_imagebrowser_effect=”0″ show_slideshow_link=”0″ slideshow_link_text=”[Show slideshow]” order_by=”sortorder” order_direction=”ASC” returns=”included” maximum_entity_count=”500″]