Club

De Photo Club Esch ass zënter 1919 zu a senger Heemecht Stad Esch-Uelzecht als Club fir enthusiastësch Fotografen Doheem. De Club zielt de Moment eng gutt 100 Memberen, vun deenen 30 aktiv a 70 Sympathisanten & Ënnerstëtzer sinn.

Aktivitéiten

All Freiden Owend – mat vereenzelten Ausnahmen – sinn déi jeeweilleg Aktivitéiten am Club. Hei gi Foto’en zesummen gekuckt an diskutéiert. Awer virun allem gëtt d’Fotografie am breeden Sënn diskutéiert. Wat gëtt et Neies? Wéi kann een seng Fotografie konkret verbesseren?

Ausflich

De Club organiséiert regelméisseg Foto-Ausflich zu verschiddenen Okkasiounen, Plazen an Evenementer.

Salon d’Auteurs

De Salon d’Auteurs ass dem lëschten Véirels Joerzéngt zu enger eegener klenger Institutioun am Escher Kulurliewe ginn. D’Auteuren kënnen den Thema all Joers op ee Neits fräi wielen. Sou gëtt et hinnen erméiglecht seech mat dem ausereen ze setzten wou hinnen um meechten um Häerzen läit.

De Salon d’Auteurs zeechent sech mam Hibléck op déi technesch Revolutioun an der Fotografie dorobber eraus, dass en net virtuell, mee reel geprint ass. Et gi verschidden Supporten mat ënnerschidlechen Strukturen op deenen gedréckt ginn ass, et gi Kaderen mat an ouni Glas a Luuten déi de Fokus an engem Bild méi ervir hiewen. Dës Elementer maachen deen Ament d’Ausstellung sou besonnëg, well d’Foto net selwer bei sech ophéiert, mee nach méi a Valeur duerch déi eegen Prenstatioun ka gesat ginn.