Geschicht

Den Escher Photo Club, ass sou wéi vill aner Mënschen och, vill u senger eegener Hierkonft a Geschicht intresséiert. An esou wéi dann awer bei aneren och, sinn d’Spuere vun der Vergaangenheet awer leider net ëmmer ganz sou kloer. Sécher ass awer eppes: 2019 feiert de Photo Club Esch a senger jëtzeger Form vun engem richtege Club säi Centenaire. A bis dohinner hu mär kee Steen ëmgedréint gelooss fir Liicht an eis Geschicht an Äerch een Escher Traditiounsclub ganz no ze bréngen.

Verrode kënne mär Äerch awer esou vill elo schonns: mär woare vu fir un mat dobäi an hunn vill experimentéiert!

Ee Fotograf deen sech 1893 selwer am Studio fotograféiert huet. (Source)