Lokal / Studio

De Lokal vum Photo Club Esch ass säit ronn 25 Joer am Keller vun der Brill Schoul. D’Entrée ass an der Uelzechtstrooss géigeniwwer vun der Brill / Resistenz Plaz.

Galérie Permanente

D’Galérie Permanente (GPAP) ass déi clubeegen Galérie an der et fir all Member méiglech ass, dës am Virraus ze reservéieren a seng Biller an dëser op ze hänken. Se huetam ganzen 20 laufend Meter op 6 Maueren verdeelt.

FOTO GPAP

Studio

De Studio ass d’Häerzstéck vum Clubliewen. Hei ginn op regelméisseger Basis d’Empfäng vun de Vernissagen ofgehalen oder national & international Fotografen notzen de Raum fir hier digital oder analog Projektiounen. Gläichzäiteg ass et awer och ee Studio am traditionelle Sënn, wou eng professionell Blëtzanlag a verschiddenen foarflech Hannergrënn installéiert sinn.

Foto vum Studio

Donkelkummer

De Memberen steet och eng equipéiert Donkelkummer (Duka) zum Gebrauch zur Verfügung. Dës kann natierlech och eng bestëmmten Zäit am Viruas reservéiert ginn fir se fir eegenstänneg Zwecker ze notzen. Allerdéngs ass et awer och esou, dass hei regelméisseg Club-Owender am Analog-Beräich ofgehale ginn oder mat Reproduktionstechniken geschafft gëtt.

FOTO BAC ANALOG + SCANNER (keng Foto vun der Duka)