Member ginn

All Mënsch ass wëllkomm Member am Photo Club Esch ze ginn. Natierlech sidd där och häerzlech invitéiert, éint där Äerch aschreiwe wëllt, op deen een oder aneren Club Owend op Besuch ze kommen.

Am Kader vun der ënnerstëzender Memberschaft (25 €) kritt där eng Invitatioun fir eis wëchentlech Club Owender, wéi natierlech och déi gréisser Evenementer, wéi Vernissagen an Expositiounen déi ustinn an de Périodique geschéckt.

An der aktiver Memberschaft (55 €) kritt där natierlech och Invitatiounen zu all deenen uewen genannten Evenementer, wéi natierlech och de Périodique geschéckt. Allerdéngs hutt där heimatten och d’Méiglechkeeten aktiv un de Projeeten, Workshops a Formatiounen deel ze huelen. D’Gallerie Permanente vum Club steet Äerch natierlech och als Ausstellungsméiglechkeet fir Är Wierker zu Verfügung. Dunkelkummer an de Studio, mat professioneller Blëtzanalag, kënnen deen Ament och reservéiert ginn.

Fir un inter- an nationalen Concoursen am Kader vun der Fédération Luxembourgeoise de la Photographie Artistique (FLPA) deel huelen ze kënnen, entfalen zousätzlech 5€ un, déi direkt un d’FLPA ginn.

NummBICIBAN
LU35 0019 7600 0555 4000BCEELULLBanque et Caisse d'Epargne de l'Etat
LU29 1111 0062 7971 0000CCPLLULLPost Luxembourg
LU93 0020 1115 1280 0000BILLLULLBanque Internationale à Luxembourg
LU35 0030 0820 1786 0000BGLLLULLBGL BNP PARIBAS