Périodique

De Périodique vum Photo Club Esch sinn d’Memoiren vum Club Liewen am Zyklus vun 2 Méint op Pabeier resuméiert. An aneren Wierder ass et d’Club-Zäitschrëft déi 6 Mol am Joer verëffentlecht gëtt. All Member kritt dës via Post an E-Mail geschéckt. Am Périodique ass de Kalänner mat de Club Aktiviéiten vermierkt, Fototechniken ginn hei ausféierlech erklärt a virun allem bitt et de Memberen eng Platform fir hier realiséiert Wierker ze weisen.

Niewend all deenen flotten déi sou eng Club-Zäitschrëft och mat sech bréngt, sou spillt se virun allem awer nach eng aner immens wichteg Roll; nämlech déi vum Gedächtnis vum Club. Am geschichtlechen kader ass all Dokument wichteg wat konkret Daten an Informatiounen iwwert eng Zäitperiod an d’Leit ubidd. Hei allerdings kënnt dobäi, dass een net nëmme liese kann wéi et zur Zäit an den 1990er woar, wéi den éischten Périodique verëffentlecht ginn ass, mee et kann een sech et bildlech virun Oen halen, well hei sinn net nëmmen Zäitdokukementer, mee och zäitlos wichteg Biller, wuel iwwert d’Club Liewen, mee virun allem awer iwwer d’Heemecht vum Escher Fotoclub dran. Sou si mär stolz drop ze behapten, dass et net nëmmen ee wichtegt Dokument fir de Club a seng Chroniken ass, mee virun allem och als Zïatgeescht fir d’Stadt Esch dingt.

[ngg_images source=”galleries” container_ids=”2″ display_type=”photocrati-nextgen_basic_thumbnails” override_thumbnail_settings=”1″ thumbnail_width=”360″ thumbnail_height=”240″ thumbnail_crop=”0″ images_per_page=”6″ number_of_columns=”0″ ajax_pagination=”0″ show_all_in_lightbox=”0″ use_imagebrowser_effect=”0″ show_slideshow_link=”0″ slideshow_link_text=”[Show slideshow]” order_by=”sortorder” order_direction=”ASC” returns=”included” maximum_entity_count=”500″]

Bibliothéiken

All Editioun vum Périodique gëtt an dem Gedanken natierlch fir den Archivage och un d’National Bibliothéik geschéckt. Awer och d’Escher Bibliothéik huet all d’Périodiquen stockéiert an stellt se hierer Lieserschaft zu Verfügung.

[ngg_images source=”galleries” container_ids=”3″ display_type=”photocrati-nextgen_basic_thumbnails” override_thumbnail_settings=”1″ thumbnail_width=”250″ thumbnail_height=”170″ thumbnail_crop=”0″ images_per_page=”0″ number_of_columns=”0″ ajax_pagination=”0″ show_all_in_lightbox=”0″ use_imagebrowser_effect=”0″ show_slideshow_link=”0″ slideshow_link_text=”[Show slideshow]” order_by=”sortorder” order_direction=”ASC” returns=”included” maximum_entity_count=”500″]