Salon Mondial

De Salon Mondial ass während 14 Joer (2000 – 2014) ëmmer nees op een Neits vum Photo Club Esch organiséiert ginn. All Auteure mat hire Biller, d’Resultater an d’Kataloge fann där de Moment nach um alen Deel vun der PCE Websäit. Awer och dee wäert deemnächst aktualiséiert ginn.

Wat ass de Salon Mondial?

D’Wuerzele vum Salon Mondial leie wäit bis an den Ufank vun der Europäescher Union zeréck. Deemools huet jeeweileg ee Club, vun de Grënnerstaaten vun der Europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol, kënne Biller eraschécken. Dono sinn déi Wierker dunn vun engem Jury bewäert ginn.

A genee hei ass och den Ursprong vun dem haitegen Salon Mondial; Fotografen an intresséiert Leit un dem Handwierk vun der Fotografie aus der ganzer Welt sinn invitéiert ginn, hier gedréckte Biller op Lëtzebuerg ze schécken.